site templates free download

Auto-, a Moto-Fahrschoul Patzig


No 11 Joer hu mir decidéiert aner Weeër ze goen an annoncéieren heimadder, dass mir Enn vum Joer ophalen mat eiser Fahrschoul.
Wat bedeit dat fir eis Client'en?
Mir huele vun dëser Woch un KENG nei Client'en méi un a verweise mat ganz guddem Gewëssen un d'Auto-Moto-École Mathieu Drive&Fun. ALL Client, dee scho bei eis ageschriwwen ass, op eiser Waardelëscht ass oder bei eis um Fueren ass, gëtt op KEE FALL hänke gelooss. Mir fuere weider mat eise Schüler bis de leschten Dag. Dono gëtt (wann de Client averstan ass), ee gratis Changement Auto-école gemaach bei d'Auto-école Mathieu. Vue dass eis Fahrlehrer mat dohinner wiesselen, ännert sech fir eis Client'en u sech näischt. Eis Schüler déi aktuell an der conduite accompagnée mat den Begleeder fueren, kënne séch, wann sie wëllen an den Examen goen, gären bei der Auto-école Mathieu mellen an do weider fueren.
Mir soen all eise Client'en, eise Kolleegen souwéi dem Possi ee grousse MERCI!
Team Auto-école Patzig.

Mobirise Website Builder

Am Partenariat mam Automobile Club Lëtzebuerg.
Méi Infoen iwer de Programm "New Driver" vum ACL fand dir op hirer Säit oder andeem dir hei op de Logo klickt.

Eis Fahrschoul

Theorie
Wou a wéini?

An eise Räimléchkeeten zu Waasserbëlleg:
Méindeg a Mëttwoch vu 18.00-20.00

Umeldung
Wou a wéini?

Zu Waasserbëlleg am Büro:
Méindeg a Mëttwoch vu 17:00-18:00
sou wéi op Ufro vu Méindes bis Donneschdes

Umeldung
Wéi?

Sicht ënner Kategorien wat Dir braucht fir Iech fir déi gewënschte Kategorie anzeschreiwen. Am Fall vu Mannerjäregen, muss en Elterendeel oder Erzéiungsvertrieder kommen an d'Umeldung ënnerschreiwen an eng Kopie vun hirer Identitéitskaart ofginn.

Telefon                         

+352 621708412

Email

info@autoecole-patzig.lu                         

Adress

80 route de Luxembourg
L-6633 Wasserbillig                         

Büro Stonnen

Méindeg, Dënschdeg, Donneschdeg
7:00 - 14:00
Mëttwoch    7:00 - 16:00

Eise Büro

© D'Biller an den Inhalt op dësem Site si vum Copyright geschützt.